send link to app

Schnëssen


4.8 ( 5088 ratings )
Naslagwerken Onderwijs
Developer: Peter Gilles
Gratis

Schnëssen ass déi éischt App, fir d’Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren.

Egal, ob Dir ‘nik’, ‘nit’ oder ‘net’ sot, ob Dir oft ‘séier’ oder dacks ‘schnell’ sot –, mir a mär siche Leit, Lékt a Lëtt, déi Freed drun hunn, geschwatent Lëtzebuergesch mat der App ze sammelen! Matmaache ka jidd(w)ereen, dee Lëtzebuergesch schwätzt – egal, ob jonk oder al, Mammesproochler oder net, ob vu Steebrécken, aus dem Pommerlach oder vun der Wuermer Köppchen. Mir wëllen dat ganzt Spektrum vum Lëtzebuergeschen héieren: Schwätzt an eis App eran – spontan a sou wéi gewinnt, egal aus wéi engem Eck vum Land Dir kommt. Mat Ärer Participatioun hëlleft Dir eis immens bei der Erfuerschung vun der Sprooch an hiren Dialekter.

Iwwert dApp kënnt Dir all Opnam direkt lauschteren an dobäi dVillfältegkeet vum haitege Lëtzebuergesche kenneléieren. DZil ass et, dSprooch vun all Generatioun aus all Uertschaft am Land fir de Grand public an d’Fuerschung ze dokumentéieren.

Dës App ass Deel vun engem Projet op der Universitéit Lëtzebuerg (Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft).